Crèche „an Hennessen“ huet hir Dieren den 2. Mee 2012 déi éischte Kéier opgemaach. Säitdeem kënnen mir op schéin Joren zeréck kucken mat villen Kanner, vill Freed an flotten Geschichten. Me wéi ass et dozou komm?
Ganz einfach am Fong… Mir hunn allen zwee zënter 2007 respektiv 2003 am erzéiereschen Beräich geschafft. Et war ëmmer eis Leidenschaft mat klengen Kanner ze schaffen. Wéi mir bis zesummen an enger Crèche geschafft hunn, ass eis ëmmer méi bewosst ginn, wéi eng Crèche géing ausgesinn, déi mir géingen opmaachen. Mir wossten genau wat mir eis fir d’Kanner géingen wënschen.
An genee dës Wënsch konnten mir eis zu Léifreg, beim Stau, am alen Hotel-Restaurant „an Hennessen“ erfëllen. Eist Haus leit an enger roueger, ländlecher Géigend no un der Natur. Eng roueg Platz wou d’Kanner sech kënnen wuel fillen, sech entfalen an einfach fräi an frou kënnen sinn. Déi vill Platz an, a ronderëm d'Haus hunn sech fir eisen Projet einfach ugebueden.
Vue dass „An Hennessen“ an der Ëmgéigend schonn éiweg een Begrëff ass, wollten mir un déi jorelaang Erfolleger vum Familljebetrib uknäppen an den Numm halen. Dofir ass et haut Crèche „an Hennessen“
Eis ass et wichteg dass Kanner an engem familiären Ëmfeld hir Zäit kënnen verbréngen. Dat heescht fir eis, en Haus wat heemlech an frëndlech ageriicht ass, fest Personal wat Kanner an Elteren kennt, sech beméit individuell op all Kand anzegoen. Souwuel Elteren wéi och Kanner sollen sech bei eis wuel fillen. Nëmmen wann Elteren sech wuel fillen, kënnen se hir Kanner roueg bei eis loosse. Eis ass et vu grousser Bedeitung, all Kand esou ze huelen wéi et ass, d‘Erzéiung an Wäerter vun den Elteren ze respektéieren an den Klengen esou eng schéin Zäit bei eis ze bereeden, sou laang Mamma an den Pappa net do sinn.
Eis gehéiert awer net nëmmen Crèche, mir liewen eisen Beruff, mir sinn all Dag am Alldag mat agebonnen, schaffen an den Gruppen mat an leeden eist Haus mat all eiser Energie an eisem Häerzblutt fir dësen Beruff.
"Individuell an häerzlech op all Kand agoen huet "an Hennessen" "héchst Prioritéit!"
Laure an Connie
